"Eis Stëmmen": Irem "Nach e Schrëtt"

03/04/2023
"Eis Stëmmen": Irem "Nach e Schrëtt"
Play

Fir eise Projet "Eis Stëmmen" goufe jo am Ganzen 8 Lëtzebuerger Museker gefrot, sech en Thema auszesichen, wat grad wärend dem Waljoer immens wichteg ass. Dozou sollte si dann e Lidd schreiwen an déi Lidder ginn den Ament all Sonnde bei de Kolleegen op der Tëlee eent nom anere presentéiert. Am Sport géif een elo soen, dass mir an der Halbzeit ukomm sinn, well gëschter gouf dat 4.Lidd erausbruecht. Dat heescht "Nach e Schrëtt" an ass vum Irem. D'Valeria Wiwinius huet déi jonk Sängerin op der Leitung.