Abrëllswieder firwat ass dat esou?
05/04/2023

Bis elo hate mer jo e relativ schéinen a sonnegen Abrëll. Mee dëse Mount ass jo eigentlech bekannt fir säin ofwiesslungsräicht Wieder. Et kënnt gäre mol vir, dat ee vun engem Ament op deen aneren de Sonnebrëll géint e Prabbeli tausche muss oder Moies d'Wanterjackett brauch a Mëttes an der kuerzer Box ka spadséiere goen. Do schwätze mer da vum Abrëllswieder. Mee gëtt et dat wierklech oder ass dat just ee Mythos?
