Ouschteren - Wou kënnt den Ouschterhues hier?
07/04/2023

An anere Länner war et net ëmmer den Hues, deen d'Eeër bruecht huet... An e puer Deeler vun der Schwäiz zum Beispill war de Guckuck fir déi Aarbecht zoustänneg, an Däitschland war et den Ouschter-Fuuss, de Storch oder den Hunn. An Australien, also déi aner Säit op der Welt, krut den 'Easter-Bunny' Ënnerstëtzung vum 'Easter-Bilby', enger Mëschung aus Mini-Känguru a Maus. Ouschteren ass an der Kierch jo d'Fest vun der Operstéiung vum Jesus, wat huet dat dann elo mam Hues ze dinn? Michèle Schons?
