Wäiss oder brong Eeër?
07/04/2023

Elo kuerz virun Ouschteren dréit sech nees Villes ëm den Ouschterhues an awer och ëm d'Eeër. An et ass och grad elo wou een am Supermarché ëmmer nees op wäiss Eeër trefft déi, wéi et schéngt, just ëm dës Period vum Hong geluecht ginn. Extra fir eist Ouschterfest quasi. Natierlech ass dat Blödsinn. An awer kann ee sech d'Fro stelle firwat verschidden Eeër brong sinn an anerer wäiss, firwat een hei bei eis haaptsächlech där bronger fënnt a wourunner een erkennt ob en Hong brong oder wäiss Eeër leet. Froen iwwer Froen an eist Nicky huet probéiert dorobber eng Äntwert ze fannen.
