ADHS

12/04/2023
ADHS
Play

ADHS - Dat ass eppes wat déi meescht warscheinlech schonn eng Kéier héieren hunn. Loosst mech roden, dir denkt grad un en hyperaktive jonke Bouf, deen an der Schoul um Stull schaukelt an de Kuer stéiert. Ma d'Opmierksamkeets-Defizit-Hyperaktivitéits-Stéierung ass keng Kanner-Krankheet a verschwënnt och net an der Pubertéit. Egal op weiblech oder männlech, jonk oder al. Diagnose ADHS kann een an all Alter kréien. Esou krut däi däitsch Journalistin Angelina Boerger hir Diagnose am Alter vun 29 Joer an huet et sech zur Aufgab gemaach iwwert déi neurologesch Stéierung opzeklären. D'Céline Spithoven huet mat hir geschwat.