Den Tommy Schlesser haut den Owend beim Bergretter
13/04/2023

Haut den Owend ass den Tommy Schlesser op ZDF beim Bergretter ze gesinn. D'Biologin Valerie krut eng Job-Offer an den USA a wëllt elo mat senger Famill an d'States plënneren. Hiere Frënd de Bastian, dee vum Tommy Schlesser gespillt gëtt, ass dovunner manner begeeschtert a wëll an Éisträich bleiwen. An sou hëlt dës Geschicht hire Laf, déi haut den Owend vu Millioune Leit wäert suivéiert ginn. De Loïc Juchem huet virun der Diffusioun mam 33 Joer ale Schauspiller geschwat.
