Déi mënschlech Stëmm ass e perfekt Instrument
26/04/2023

Eis Stëmm ass eppes ganz Individuelles. Si iwwerschléit sech, wa mer opgereegt sinn, si kléngt dënn, wa mer emotional matgeholl sinn, oder och monoton, wa mer d'Flemm hunn. Si gëtt also net nëmmen den Toun un, ma si spigelt och d'Stëmmung erëm. Och schwätze mer heiansdo ënnerschiddlech. Méi héich a léif mat engem klenge Kand, wéi mat engem Erwuessenen. Mee e Fuerscher huet elo erausfonnt, dass d'Fraestëmm am allgemengen e puer Oktave méi déif ass, wéi virun e puer Joer nach.
