Hochzäit vun der Prinzessin Alexandra
24/04/2023

Fir all Koppel ass et e grousse Moment wann si sech dozou decidéiert d’Jo-Wuert ze ginn. Ma wann dës Koppel Deel vun der groussherzoglecher Famill ass, dann ass et nach fir méi Leit e besonnesche Moment. De Weekend elo hunn sech d’Prinzessin Alexandra an den Nicolas Bagory d’Jo-Wuert op der Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg ginn. An honnerte Leit hunn do virdrun op si gewaart.
