Sneakermess #15
26/04/2023

An der Luxexpo ass dëse Samschden a Sonnden the place to be fir all Frënd vu Sneakers. Sneakers seet een elo, net méi Turnschlappen, wéi een soss dës Schong allgemeng genannt huet. An enger cooler Atmosphär kann een de Weekend eng Hellewull vum beléifte Schong an alle Variatioune fannen. Gutt berode wier een awer Virfeld seng Ticketen ze huele fir datt een och mat Zäiten era kënnt.
