Rebranding RTL - Beim Internet
27/04/2023

Gëschter um 19h00 gouf e Knäppche gedréckt a vun dem Moment war villes anescht. Op alle Fall hei bei RTL. D’Tëlee krut e komplette Facelift, RTL huet e neie Slogan an och eis Internetsitten hu gréisser Changementer matgemaach. De Site rtl.lu gesäit ganz anescht aus, mee net nëmmen dës Plattformen. De Loïc kuckt den Dag no dem grousse Lancement hannert d’Kulissen a wëll wësse wat geännert huet an ass elo an der Internetredaktioun ënnerwee. D'Responsabel vum Internet Sandra Bintz weess eis do Detailer ze ginn.
