Wat mécht e Wedding Planner?

28/04/2023
Wat mécht e Wedding Planner?
Play

Wann een zivil op der Gemeng bestuet gëtt, dann ass et de Buergermeeschter oder säi Representant, deen déi Aufgab iwwerhëlt. Dono ass et dann un der méi traditioneller Hochzäit, wou déi eng an der Kierch vum Paschtouer bestuet ginn, oder sech eng aner flott Plaz, och gären net-reliéis, aussichen, esou dass dann d'Famill an d'Frënn um Gléck deelhuele kënnen. Den Usproch op eng schéin a gelonge Feier klëmmt, mee esou e grousst Fest z'organiséiere kascht vill Gedold an Zäit. Eppes wat engem dacks feelt.