Oktav 2023 - De kulturelle Programm ronderëm

03/05/2023
Oktav 2023 - De kulturelle Programm ronderëm
Play

D'Oktav besteet net just, wéi vill Leit dat vläicht mengen, aus Pilgeren, Massen a Mäertchen. Wéi d'Renée Schmit, Oktavpriedegerin vun dësem Joer et no 07:00 kuerz ugeschwat huet, gëtt et zanter 10 Joer eng Oktavkommissioun déi, zesumme mat der ErwuesseBildung asbl, nieft der Liturgie e gutt gefëllten, kulturelle Programm op d'Been stellt. D'Nicky Soisson huet sech fir eis an de Bannenhaff vun der Kathedral gemaach an huet nogefrot wat déi 14 Deeg iwwer alles ugebuede gëtt.