Oktav 2023 - um Mäertchen
03/05/2023

Et ass dat 2. Joer, dass de Mäertchen net op senger gewinnter Plaz, um Knuedler, ass. Dat well de Schantjen do nach net ganz fäerdeg ass. Dofir fënnt een elo 45 Stänn bei der Gëlle Fra, mat enger herrlecher Vue op eis schéi Péitruss. Eis RTL Reporterin Nicky Soisson war fir Iech en Tierchen dohinner maachen an huet sech mat engem Forain ënnerhalen.
