Déifferdeng an de Projet NetZeroCities vun der EU
04/05/2023

Wat hu Kopenhagen, Lissabon, Amsterdam an Déifferdeng gemeinsam? All dës Stied, an nach iwwert 100 anerer, hu sech engagéiert fir bis 2030 klimaneutral a smart ze ginn. Dat am Kader vum Projet NetZeroCities vun der EU. Firwat Déifferdeng hei am Land a wat een do alles vir huet déi nächst 7 Joren, huet d'Nicky Soisson bei der Gemeng nogefrot.
