Verpakung vun der Zukunft
10/05/2023

Haut ass de leschten Dag vun der Interpack zu Düsseldorf, déi spezialiséiert Foire fir Verpakung vun der Zukunft. 6 Deeg huet se gedauert an all 3 Joer gëtt d'Interpack organiséiert, dëst mat Haapttheme wéi Kreeslafwirtschaft, Ressourceschounung, digital Technologien a Produktsécherheet. Am Fokus sti Léisunge fir Narungsmëttel, Gedrénks, Séissegkeeten a Bakwueren, Pharma, Kosmetik, Non-Food wéi och Industriegidder.
