GEM Day 2023 op der Uni Lëtzebuerg
12/05/2023

Haut um internationalen Dag vun de Fraen an der Mathé huele mir Iech mat op d'Uni Lëtzebuerg. Do huet gëschter déi well 3. Editioun vum sougenannten GEM Day stattfonnt. GEM steet fir "Girls exploring Mathematics", an esou konnte méi wéi 240 interesséiert Meedercher tëscht 14 a 17 Joer um Campus Belval e spannenden Dag ronderëm d'Mathé verbréngen.
