De Premièresexame geet un
15/05/2023

Haut gëtt et fir 3.796 Kandidaten eescht, déi hire Premièresexame schreiwen, sief et Secondaire classique oder Secondaire général. 2.156 Schülerinnen an 1.639 Schüler trieden u fir endlech hiren Diplom ze kréien. Een dovunner ass de Sascha Berens op der Sektioun SN am Michel Lucius um Lampertsbierg. Ëm véierel op 8 ass säin éischten Examen an der Biologie.
