Sonnecrème Spender zu Esch-Uelzecht

18/05/2023
Sonnecrème Spender zu Esch-Uelzecht
Play

Elo wou d'Wieder nees méi schéin ass an d'Sonn méi dacks dréckt, ass et immens wichteg, wann ee sech dobaussen ophält, sech richteg géint d'Sonn ze schützen. Dat dierft jo souwäit jidderengem bekannt sinn. An awer gëtt alt leider ëmmer nees vergiess sech anzecrèmen. Fir dass dat net méi sou dacks geschitt, huet d'Stad Esch direkt e puer Sonnecrème Spender um Territoire vun der Gemeng opgestallt.