Um Camping: An engem Campinggeschäft
16/05/2023

Vun Ouschtere bis November geet zu Lëtzebuerg d'Campingsaison. Dat huet an de leschte Joren awer e bësse changéiert, well vill Campinger d'ganz Joer iwwer hier Dieren op hunn. Haut beschäftege mir eis hei um Radio mam Thema Camping, ginn natierlech op Campinger a schwätze mat Touristen, mee fir den Ufank ass eisen RTL Reporter mol an engem Campinggeschäft an der Fuussekaul. De Loïc Juchem reest de Moien duerch d'Land.
