Um Camping: De Camping Martbusch am Mëllerdall
16/05/2023

Eisen RTL Reporter ass haut de ganze Moie schonn um Camping ënnerwee gewiescht. Hie war an der Fuussekaul an huet do scho mat Camper a Campingbesëtzer geschwat. An do waren se sech och alleguerten eens, de Mënsch wëll an d'Natur zeréck an dofir erlieft Camping am Moment och e Boom. Sou gi vill méi Camper a Caravanne verkaf an d'Campinger si gutt besicht. De Loïc war de Moien awer och schonn am Mëllerdall op engem Camping, dee matzen am Gréngs léit.
