D’École du Goût zu Branebuerg

18/05/2023
D’École du Goût zu Branebuerg
Play

Iesse maache mir all Dag an dat och direkt e puer Mol, well ouni geet et net. Mee wie ka vu sech behaapten, dass en och bewosst ësst? Also mat alle Sënner dobäi ass wann et drëms geet de Mo ze fëllen. A wësse mir wouhier eis Liewensmëttel hierkommen a wat eis gefëllten Tellere mat Ëmwelt, Klima a Regionaler Entwécklung ze dinn hunn? Genee mat dëse Froe beschäftegt sech d’École du Goût vun eisen 3 Lëtzebuerger Naturparken.