Walen 2023 - Gëff de Kanner eng Stëmm
19/05/2023

2023 ass e Superwaljoer zu Lëtzebuerg: Am Juni fanne Gemengen- an am Oktober Chamberwale statt. Dobäi geet et och em d’Zukunft vun de Kanner an de Jonken.Si kënnen awer nach net selwer wielen. D'UNICEF seet: Gëff hinnen eng Stëmm a wiel fir all Kand!
