RTL Jobdag: 4 Kandidatinnen op der Sich nom Job vum Liewen
23/05/2023

Enn Abrëll ware 15.330 Leit op der Sich no enger Aarbecht, sou d’Adem an de Statec gëschter Moien. RTL an d'adem versichen en Donneschdeg do dergéint ze steieren an de Leit déi de Moment am Chômage sinn Hoffnung ze maachen. Eleng 8.000 fräi Plazen gëtt et aktuell op eisem Site jobdag.lu, an en Donneschdeg wäerten sech eng 80 Patronen um groussen RTL-Jobdag an der Belle Etoile mat hire fräien Plazen presentéieren. Eng grouss Chance fir d'Nancy, d'Fabienne, d'Isabelle an d'Cynthia déi am Moment op gutt Nouvelle warden.
