Festival de Cannes: 4 Lëtzebuerger Koproduktiounen
24/05/2023

Fir déi 76. Kéier invitéiert Cannes op den internationale Filmfestival. International ass e gutt Stéchwuert, well mam Iris Knobloch gëtt de Festival net nëmme vun enger Fra, ma en plus enger Fra déi net aus Frankräich kënnt, presidéiert. International awer och well ënner anerem Lëtzebuerg mat 4 Koproduktioune vertrueden ass, déi an Tëschenzäit och vun der nationaler Press gesi goufen.
