Zäitzeie gesicht: D'Schueberfouer an de Sixties
29/05/2023

Wann Dir tëscht 1945 an 1975 méi oder manner mat der Schueberfouer ze dinn hat, sief et als Forain oder Famill vun engem Forain oder awer als Visiteur, dann ass dat heiten eventuell eppes fir Iech! De Lëtzebuerg City Museum an d’Chercheuse Véronique Faber vum C2DH an der Uni Lëtzebuerg sichen nämlech no Participante fir e Workshop iwwer Erënnerungen un d’Schueberfouer an de laange 1960er Joren.
