Wann de Réck wéi deet
29/05/2023

2020 hate weltwäit 619 Millioune Mënsche Réckwéi, woubäi et meeschtens deen ënneschten Deel vum Réck ass dee betraff ass. Fir 2050 rechent ee souguer mat méi wéi 840 Millioune Leit déi betraff wäerte sinn. Dat ass enorm, wann ee bedenkt, dass d'Risikofacteure eigentlech bekannt sinn an zum Deel, op mannst, kéinten evitéiert ginn.
