Wie gëtt däitsche Meeschter an der Bundesliga?
26/05/2023

Muer gëtt et spannend. Dortmund oder awer nach d'Bayern? Wie ka muer d'Meeschterschuel an der Bundesliga an d'Luucht halen? Virun der Saison hu bestëmmt net vill Leit geduecht, datt et um leschte Spilldag nach esou spannend un der Spëtzt wäert sinn. An deene leschte Jore war d'Decisioun nämlech meeschtens schonns e puer Spilldeeg viru Schluss gefall. Déi lescht 10 Joer hunn nämlech ëmmer d'Bayern zu München um Marienplatz gefeiert. Virum 34. Spilldag gesäit et awer esou aus, wéi wann d'Feierlechkeeten éischter am Weste vum Land wäerte sinn, oder Max Richartz?
