D'Iechternacher Sprangpressessioun
30/05/2023

Wäisst Hiem mat wäissem Nuesschnappech, dat ass d'tenue correcte fir op der Iechternacher Sprangpressessioun mat ze sprangen. Eng Traditioun déi net méi ewech ze denken ass op e Lidd dat an d'Ouer geet. Hei trëfft Glawen op Traditioun a fir d'Abteistiedchen ass et bestëmmt dee wichtegsten Dag am Joer.
