Millen ASBL - D'New Yorker Rockgeschicht
31/05/2023

New York, the city that never sleeps, oder d'Stad aus den Dreem vu villen. Hir Geschicht, déi multikulturell Wuerzelen, déi permanent Vibratioun an der Stad an an de Quartieren. Mee New York ass och den Terrain vu ganz groussen Nimm aus der Rockgeschicht, wéi John Lennon, Les Ramones, Patti Smith, Janis Joplin, Bruce Springsteen, Blondie, David Bowie fir der nëmmen e puer ze nennen. Mat deem Thema gëtt sech e Freideg op der Millen zu Biekerech beschäftegt.
