Repairs for Future - 5555 km mam Velo-Mobil fir ze flécken

10/06/2023
Repairs for Future - 5555 km mam Velo-Mobil fir ze flécken
Play

De Michel Heftrich bastelt a fléckt gären an ass den Ament mat sengem e-Velomobil ënnerwee. 5555 km huet en sech zum Ziel gesat an iwwer 50 Repair Caféë wëllt e besichen. Et ass eng Tour, déi op Circle-Economy opmierksam soll maachen, well flécken ass gutt fir d'Ëmwelt a schount och wäertvoll Ressourcen.