Gemengewalen: Den Norden
11/06/2023

Haut goufen am Grand-Duché nei Gemengeréit bestëmmt. Dat och an deene 35 Nordgemengen. An de Kantoner Clierf, Dikrech, Reiden, Veianen a Wolz liewen am Ganze ronn 100.000 Leit. An 11 Gemenge gëtt nom Proporz- an a 24 nom Majorzsystem gewielt. Wärend d'Haaptdefien am ganzen Norden änlech sinn, ginn et lokal awer ganz ënnerschiddlech Ausgangslagen, Marc Hoscheid.
