Insekten zielen: "Méi wéi Beien! Ziel mat!"
12/06/2023

De Weekend goufe net just d'Stëmme bei de Wale gezielt, mee och d'Insekten. Och wann déi kléng Déiercher eis dacks nerven, si se awer wichteg fir eis Ëmwelt. An dofir huet Natur an Ëmwelt fir d'éischte Kéier d'Aktioun "Méi wéi Beien! Ziel mat!" an d'Liewe geruff.
