Weltbluttspenderdag: Questionnaire
14/06/2023

Um Weltdag vum Bluttspenden erzielt de Gérard Floener, wéi hien déi éischte Kéier iwwerhaapt Blutt gespent huet. Esou kënnt Dir déi eenzel Etappe suivéieren, an Iech eng Iddi dovu maachen, wann Dir nach kee Spender sidd, an et villäicht wëllt ginn. De Moien hutt Dir schonn héieren, datt een déi éischte Kéier nieft dem Don och nach eng Bluttanalys gemaach kritt, mat där d'Bluttgrupp kontrolléiert an d'Zuel vun de roude Bluttkierpercher erfaasst gëtt. Donieft muss ee bei all Don ee Questionnaire ausfëllen.
