Erholl no der Vakanz? Oder awer net?

05/09/2023
Erholl no der Vakanz? Oder awer net?
Play

Spéitstens wann de Wecker nees Moies schellt, d'Flip Flops géint d'Bürosschong an d'Hawaïhiem géint de Kostüm getosch muss ginn, da wees een, d'Vakanz ass eriwwer an den Alldag geet nees lass. Bei ville Leit hält d'Erhuelung nom Congé net laang un a wann de Stress een nees am Grëff huet, da fillt sech déi lescht Rees ganz séier un, wéi eng verblatzte Foto aus laang vergaangenen Zäiten.