POLINDEX: Lëtzebuerger vernoléissegen hiert Liblingskand Panachage

05/09/2023
POLINDEX: Lëtzebuerger vernoléissegen hiert Liblingskand Panachage
Play

De POLINDEX 2023 kuckt op d'Walverhale vun deene leschte Joren zeréck. D'Etude gouf vun der Chamber an Optrag ginn a vun der Uni Lëtzebuerg zesumme mat der Ilres ënnert ronn 1.000 Wieler a 500 auslännesche Residenten duerchgefouert. Bei mir am Studio ass lo de Marc Hoscheid aus der Redaktioun. Haut kucke mer op de Panachage am Generellen an e bëssi méi detailléiert, tëscht wéi enge Parteie d'Wieler an éischter Linn hin an hier wiesselen. An och wéi d'Leit sech iwwerhaapt informéieren.