Wéi frëndlech wierken d'Lëtzebuerger op d'Nopeschland?

06/09/2023
Wéi frëndlech wierken d'Lëtzebuerger op d'Nopeschland?
Play

Wéi kommen d'Lëtzebuerger am Ausland iwwerhaapt eriwwer? Ma wann een dem Voting vum däitschen Internetsite "Travelbook" gleewe kann, guer net mol esou schlecht. Bei engem Sondage, bei deem et drëms gaangen ass, wéi ee Nopeschland vun Däitschland am frëndlechsten ass, koum de Grand-Duché op déi 4. Plaz am Ranking. Wann ee bedenkt, datt iwwert 50 Dausend Leit bei der Ëmfro matgemaach hunn, schéngt jo do tatsächlech eppes drun ze sinn. De Max Richartz huet sech op de Wee gemaach fir sech mol selwer e Bild ze maachen.