Wéi wichteg ass d'Schwammen?
07/09/2023

Et gëtt wuel kaum eng Sportaart, déi méi gesond ass, wéi Schwammen. De Kierper besteet aus 80% Waasser, dohier ass et och logesch, dass een sech am Waasser wuel fillt. Vill Leit kënnen sech beim Schwamme beweegen, obwuel se vläicht physesch net esou mobil sinn, well d'Gelenker entlaascht sinn an d'Waasser de Kierper dréit.
