De Schoulwee mat de Kanner trainéieren
13/09/2023

E Freideg fänkt d'Schoul nees un. Wann e Kand um éischte Schouldag aktiv mam Stroosseverkéier konfrontéiert gëtt, ass et vläicht iwwerfuerdert. Et kann een awer de Wee fir an d'Schoul schonn e puer Deeg virdrun trainéieren, zesumme mam Kand e séchere Wee festleeën an esou den éischten Allenggang üben.
