Nei lëtzebuergesch KI: LetzAI

21/09/2023
Nei lëtzebuergesch KI: LetzAI
Play

De Fortschrëtt an der Technik an deene leschte Joren ass enorm. An dobäi spillt kënschtlech Intelligenz eng grouss Roll. Zanter engem gudde Joer gëtt ganz vill iwwert ChatGPT geschwat. Eng Software, déi engem net just ganz Texter, mee zum Beispill och Coden aus der Informatik schreift. En änlechen Tool, deen awer spezifesch u Lëtzebuerg ugepasst gouf, ass elo um Marché.