Duden: Sënn an Zweck

19/09/2023
Duden: Sënn an Zweck
Play

Déi eng haten et gären, déi aner hunn et wärend hiren Etude gehaasst, dat déckt gielt Buch, den Duden. Haut gëtt et schonn déi 28. Editioun vum däitschen Dictionnaire. Den éischten Duden ass 1880 erauskomm. D'Dr. Kathrin Kunkel-Razum ass aktuell d'Chefredactrice vun dësem däitsche Referenz-Dictionnaire. Si ass den Owend d'Invitée vum Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch. Bei hirer Visitt huet si um RTL-Mikro erkläert, wéi den Oflaf an der Duden-Redaktioun ass a wéi d’Sprooch sech mat de Jore ännert a verännert.