'Der Clark Final Fight': Regina Halmich/Stefan Raab

12/09/2024
'Der Clark Final Fight': Regina Halmich/Stefan Raab
Play

'It's the final countdown'. Dat Lidd seet u sech alles aus, wann e Samschdeg den Owend d'Show Legend Stefan Raab nees am Boxring op d'Regina Halmich trëfft. Op där enger Säit de 57 Joer alen Entertainer an op där anerer déi 46fach Box-Weltmeeschterin. En ongewéinlechen Kampf tëscht Mann a Fra geet a seng 3t Ronn, a wéi d'Ufro koum, war d'Regina Halmich méi wéi iwwerrascht.