Christian Schmit Live vun der Luxembourg Classic Rallye

14/09/2024
Christian Schmit Live vun der Luxembourg Classic Rallye
Play

En Auto Musée on Tour gouf et gescht an haut nees ze bestaunen. Dat op der 4. Editioun vun der Luxembourg Classic Rallye queesch duerch de Grand-Duché. Eng 100 Oldtimer a Youngtimer si mat dobäi bei der Auto Motor und Sport Luxembourg Classic Rallye, an d'Autoe mat de Startnummere 54 a 55 krute besonnesch vill Opmierksamkeet. Well dat sinn déi zwee Autoen an deenen d'TEAM RTL matfiert. An déi missten och elo scho fir di grouss Arrivée bei der Gëlle Fra ukomm sinn? Froe mir eise Mann op der Plaz de Christian Schmit.