50 Joer AFL a Fierschterbal
17/09/2024

D'AFL, d'Associatioun vun de Lëtzebuerger Fierschter feiert dëst Joer hire 50ten Anniversaire. Den Optakt vun de Feierlechkeete war am Juni am Ellergronn, wou e Bësch-Biathlon fir d'Mataarbechter vun der Naturverwaltung organiséiert gouf. Fir Enn dës Jores kënnt an dësem Kader och e Fierschterkalenner eraus, an deem de Beruff vum Fierschter an senge verschidde Facetten, uechter d'Land presentéiert gëtt.
