Pubertéit - Keng liicht Zäit?
30/09/2024

D'Pubertéit ass an de leschte Joren ëmmer méi no vir geréckelt. Bei ville Meedercher fänkt se schonn tëscht dem 9ten an 11te Liewensjoer an, bei de Jongen ass et am Duerchschnëtt 2 Joer méi spéit. Problemer an der Eltere-Kand Bezéiung oder an der Schoul si wärend der Pubertéit normal, well sech aner Bezéiungen opbauen, al Gewunnechten zerbriechen- an neier sech astelle mussen.
