Am Béiermusée: Wéi lang dauert et bis een de Béier kann drénken?

04/10/2024
Am Béiermusée: Wéi lang dauert et bis een de Béier kann drénken?
Play

Mir sinn haut de Moien zu Wolz am Béiermusée ënnerwee a kucken do dem Fabien Claude iwwert d'Schëller. Hien ass elo zanter 7 Joer Braumeeschter a bitt zu Wolz ënnert anerem en Atelier un, wou een säin eegene Béier ka brauen. Am Musée huet een nämlech seng eege Mikro-Brasserie installéiert a sou kann een da 50 Liter vu sengem eegene Béier produzéieren. De Loïc Juchem war bis laanscht an huet e Grupp vu Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg am Musée getraff.