Bléck op d'Bréckendeeg a verlängert Weekender fir 2025
07/10/2024

Et dauert zwar nach e bëssi bis nächst Joer ma et ass ni ze fréi scho mol de Congé fir dat kommend Joer ze plangen. Interessant ass et dofir ze wësse wéi et mat de Bréckendeeg a verlängerte Weekender ausgesäit. Mir hu fir Iech scho mol e klenge Bléck an de Kalenner vun 2025 geheit.
