Lëtzebuerger bei "The Voice of Germany"
03/10/2024

An där neier Staffel vun "The Voice of Germany" ass mam Chris Chalmer och e Lëtzebuerger dobäi. No sengem Studium ass de Chris zu Wien bliwwen, wou hie lieft a schafft. Hei séngt hien och an der erfollegräicher Band STESY. Säin Optrëtt bei "The Voice" gëtt alles anescht ewéi gewéinlech.
