RTL-Dictée: 100 Fräiwëlleger hunn zu Walfer matgeschriwwen
18/11/2024

Wien war schonn frou, wann de Stonneplang an der Schoul iwwer Bord geheit gouf an eng 'Blitz' gemaach ginn ass.Dofir muss ee schonn Gréngs glëschten fir op engem sabbelege Sonndeg opzestoen, sech op Walfer ze deplacéieren fir do 3 Sproochen iwwer sech ergoen ze loossen. Um 3ten Sonndeg am November, bei Geleeënheet vun de Walfer Bicherdeeg war et gëscht nees souwäit. 100 Fräiwëlleger hate sech am Gebai vum eduPôle afonnt an hu fläisseg matgeschriwwen, wéi de Roland Schumacher, Jean-Claude Frisch an de Max Kuborn se mat Wieder gepéngegt hunn.
