I-Kids: nei interaktiv Indoor-Spillplaz zu Déifferdeng
26/11/2024

Wien déi lescht Zäit duerch d'Foussgängerzon zu Déifferdeng getrëppelt ass, huet vläicht matkritt, dass sech do wou virdru laang Joren e grousse Fotosbuttek war, e bëssi eppes gedoen huet. Effektiv gouf hei 8 Méint hei vill geschafft fir eng nei Animatioun fir d'Kanner ze schafen. An déi gouf dann elo lescht Woch offiziell ageweit.
