DrawnStars fir den Télévie: Wa Promien sech fir den Télévie engagéieren
25/11/2024

Mandy Minella, Andy a Frank Schleck, Bob Jungels, Dylan Pereira, Lucien Czuga, Tom Habscheid, dat sinn alles Nimm déi sech fir eist Land agesat hunn an eppes geleescht hunn. Bei all Numm kënnt engem direkt e Bild vun engem Exploit an de Kapp an d'Lynn Kunnert huet mat hirem Projet 'Drawnstars fir den Télévie' 7 Leit op hier Manéier veréiwegt. E Samschdeg war grousse Rendez-vous an der Belle Etoile wou d'Promien hiert Bild gesi konnten an ënnerschriwwen hunn.
